100. Gebuertsdaag vum Schrëftsteller Stanislaw Lem

 

Den honnertsten Anniversaire vun den diplomatesche Bezéiungen tëscht Polen a Lëtzebuerg fält zesumme mam honnertste Gebuertsdag vum polnesche Schrëftsteller Stanislaw Lem. Fir dës duebel Feier gouf e Wierk vum Auteur op Lëtzebuergesch iwwersat. D’Iwwersetzung gouf initiéiert vun der Associatioun polska.lu, déi zanter 2007 zu Lëtzebuerg aktiv ass.
Et handelt sech ëm d’Geschicht Wéi den Erg Eegendriff de Blatzert iwwerwënnt aus der Sammlung Robotermärchen. Déi lëtzebuergesch Iwwersetzung gouf als Lauschterbuch konzipéiert. Fir all Frënn vum Lem sengem Wierk ass si vum 6. Dezember 2021 un gratis disponibel op YouTube.


Am Kader vum Projekt Lem2021. Lauschterbuch eischt Iwwersetzung op Lëtzebuergesch. Virbereet vun der polska.lu asbl

„Wéi den Erg Eegendriff de Blatzert iwwerwënnt” aus „Robotermärchen” vum Stanislaw Lem.

Auteur: Stanisław Lem
Iwwersetzer: Guy Berg
Lecteur: Roland Meyer
Tounregie, Musek a Schnëtt: Marcin Wierzbicki
Produktioun: polska.lu asbl
© polska.lu

Partner : Institut Pierre Werner au Luxembourg, Ambassade de la République Pologne au Luxembourg, Sonotron Studio

« Avec le soutien d’Institut Polonais de Bruxelles »
« Avec le soutien du ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg »

Na naszej stronie internetowej używamy plików cookie. Niektóre z nich są niezbędne dla funkcjonowania strony, inne pomagają nam w ulepszaniu tej strony i doświadczeń użytkownika (Tracking Cookies). Możesz sam zdecydować, czy chcesz zezwolić na pliki cookie. Należy pamiętać, że w przypadku odrzucenia, nie wszystkie funkcje strony mogą być dostępne.

Ok